Presserevue
Presserevue
"Il y a peut-être une petite chance", esou den Ausseminister Jean Asselborn haut am Interview mam Quotidien iwwer déi Lëtzebuerger Famill, déi an Afghanistan blockéiert ass. Alles géif gemaach gi fir d'Famill ze rapatriéieren.
Corona hätt déi modern Sklaverei ugedriwwen: d'Affer kéimen an der Tëschenzäit méi dacks aus der Europäescher Unioun: dat schreift haut d'Lëtzebuerger Wort a sengem Opmaacher-Sujet.
Firwat d'Iwwerschwemmungen de Grondwaasser-Reserven net hëllefen: Informatiounen dozou fënnt een de Moien am Tageblatt.
Presentéiert vum Serge Kesseler.