Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Hiatus Kaiyote - Everything's Beautiful

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

Op sengem 1990er Album "Ragged Glory" léisst den Neil Young et esou richteg kraachen. Deen deemools 45järege Kanadier vergësst säi sensibelen a poetesche Kascht aus den Enn Sechzeger/ufanks Siwwenzeger a rockt op d'Däiwel komm eraus. Eng gutt Schëpp Garagesound, Gittare-Reverb drop an derwidder, laang Stécker, wou rose gerockt gëtt - heiansdo daucht do och nach deen alen Hippiegeescht op, un deen ee beim Neil Young jorelaang gewinnt war (ë. a. am Lidd "Mansion On The Hill', wou d'Vergaangenheet erëm opblëtzt mat den Zeilen "There's a mansion on the hill / Psychedelic music fills the air / Peace and love live there still / In that mansion on the hill.").

"Ragged Glory" ass en hefteg-rauen Album, voller Kraaft an Energie. E Release, dee wuel d'Etikett grunge net dréit, deen awer gären als Virlag ugesi gëtt fir villes, wat deemools speziell zu Seattle entsteet. Den Neil Young gëtt dann och gär als Godfather of Grunge bezeechent a Bands wéi Nirvana oder Pearl Jam hunn déiwe Respekt virun dem good ol' Neil senge Soundeskapaden.

Et soll een onbedéngt och an e puer Nofollger vu "Ragged Glory" eralauschteren: mat "Harvest Moon" kéiert erëm poséiert an nodenklech Rou beim Museker an, "Sleeps With Angels" ass en emotiounsgeluedenen Hommage un de Kurt Cobain a "Mirrorball" (mat Pearl Jam als backing band!) ass einfach e Must.

Op der Playlëscht:


John Juke Logan - Dancin' On The Edge Of A Razorblade (Juke Rhythm, 1999)
The Dylans - I Hope The Weather Stays Fine (The Dylans, 1991)
The Verve - Lucky Man (Urban Hymns, 1997)
Primal Scream - Movin' On Up (Screamadelica, 1991)
Neil Young & Crazy Horse - Love To Burn (Ragged Glory, 1990)
It's A Beautiful Day - White Bird (It's A Beautiful Day, 1969)
Jefferson Airplane - Good Shepherd (Volunteers, 1969)
Fat Freddy's Drop - The Raft (Dr. Boondigga And The Big BW, 2009)
Digable Planets - Flyin' High In The Brooklyn Sky (Stolen Moments: Red, Hot & Cool, 1994)
Jestofunk - The Ghetto (Love In A Black Dimension, 1995)

Musek

Episoden

Back to the seventies (2/2): 1975-1979

Rock a Pop sinn no knapps engem Joerzéngt net méi aus der Jugendkultur ewechzedenken - a wéi ze erwaarden zitt d’Musekindustrie séier mat a séchert sech hiren Undeel um massive Konsum.
headphones

60 min

play_arrow

Back to the seventies (1/2): 1970-1974

Nodeems Rock a Pop sech an de Sechzeger Joren hir Plaz an der Musekskultur erspillt hunn, geet d’Erfollegsgeschicht dat Joerzéngt duerno monter weider.
headphones

60 min

play_arrow

Revisited

Coverversioune vu Lennon/McCartney a vun Jagger/Richards - et erkennt ee se wuel erëm, mee vill dovunner droen zousätzlech d’Handschrëft vun deenen, déi se interpretéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Black Pumas live

Black Pumas ass den Duo Eric Burton (Gesang) / Adrian Quesada (Gittar a Produktioun) plus backing band ronderëm déi zwee Museker aus Austin, Texas.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Zeréck an d’Sixties!
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Live tracks
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Around Austin, Texas
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

Echo and the Bunnymen live

D'Livetracks vun der brittescher Band koumen eréischt 2001 an der véier-CD-Box “Crystal Days” eraus, opgeholl goufe se awer schonn am Abrëll 1985 wärend enger Schweden-Tour.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Let’s go live!
headphones

60 min

play_arrow

Bob and Jesus

Et geet ëm een eenzegen Album: “Slow Train Coming” (1979), deen éischte vun enger reliéiser Trilogie, déi de Bob Dylan als engagéierte Chrëscht opgeholl huet.
headphones

60 min

play_arrow

One day a ship comes in …

… séngt de Mark Lanegan a sengem Lidd “One Hundred Days”. An dëser Stonn mam Grëff an déi musikalesch Archivkëscht dréit sech munches ëm Verlaangeren, Erënnerungen, Hoffnungen an Trennungen
headphones

60 min

play_arrow

Essential Funk & Soul

headphones

60 min

play_arrow

The Cure live

Zanter den Enn Siwwenzeger ziele The Cure zu den aflossräichsten Acts an der Zeen. Am Oktober 2019 koum hire Coffret “40 Live - Curaetion 25 - Anniversary“ eraus.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Thin Lizzy & Chappo live!

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre „Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt gi sinn...
headphones

60 min

play_arrow

D + IR

D fir Däitschland, IR fir Irland: an dësen zwee Länner si mir den Owend mat enger Partie Tracks ënnerwee.
headphones

60 min

play_arrow

1968

Eng Auswiel vu Lidder, déi 1968 an aller Ouer waren ... an et zum Deel nach haut sinn!
headphones

60 min

play_arrow