Klassik aktuell
Fir sech spillen: Onméiglech
Déi allermeescht Klacken hei am Land ginn automatesch gelaut. Zu Iechternach ass dat anescht. An engem vun der Basilika hiren Tierm steet nämlech e Carillon, e Klackespill, dat ee manuell spille kann. De Summer ass dëst Instrument ëmmer mëttwochs um hallwer sechs am Kader vu kuerze Concerten ze héieren.
Fir méi iwwer dëst besonnescht Instrument gewuer ze ginn ass de Luc Boentges virun vun esou enger Opféierung an d'Basilika gaangen an huet sech mam Fabrice Renard getraff, dem Carilloneur vun Iechternach.