Inclusioun
Adapto: eng never ending story
9 min
Fir den ëffentlechen Transport, dee fir Mënsche mat enger Behënnerung nach net ganz Barrière-fräi ass, ze verbesseren, huet d'AMVA, d'Association pour Mal-Voyants et Aveugles, am Joer 2006 de Busservice Novabus op Strooss geschéckt. E Projet, deen den Transportministère no e puer Joer iwwerholl an den Numm vum Service an Adapto ëmbenannt huet. Och d'Ufanksiddi gouf dobäi ugepasst.
De Sascha Lang huet beim Joel Delvaux vum Service Travailleurs Handicapés vum OGBL nogefrot, wou dëse Projet haut drun ass. Et soll nämlech eng Rei Problemer bestoen.