Komponist:in vum Mount
Den Henry Purcell (1659-1695)
10 min
Den englesche Komponist Henry Purcell gouf an enger Ära grouss, an där England sech lues a lues vun däischtere Joerzéngten erholl hat. Déi englesch Kultur war an enger Phas vun Neiopbau. Dem Purcell säi Mentor John Blow huet de Potenzial vu sengem jonke Kolleeg fréi erkannt. Et huet och net laang gedauert, an de Purcell huet sech als Komponist quasi autodidaktesch weiderentwéckelt an domat dem englesche Barock eng gewësse Bedeitung ginn. De Manuel Ribeiro mat Detailer iwwer dem Purcell säi musikalesche Liewenslaf