Konferenzen
Méi wéi Paschtéitchen an Iechternacher Sprangpressessioun
D'Virträg am Konferenzzyklus iwwer d'Kulturgeschicht vun de 50er Jore bis haut hu virun allem zwee Aspekter siichtbar gemaach: éischtens hu se de Räichtum an d'Polyvalenz vun der Kultur zu Lëtzebuerg ervirgehuewen an zweetens hu se op déi strukturell Problemer, deenen d'Kultur a Bezuch op déi gesellschaftlech an institutionell Unerkennung ausgesat ass, higewisen.
An dësem Ofschlossvirtrag ginn déi verschidde Positiounen an Argumenter zesummegeféiert fir uschléissend iwwer déi gesellschaftlech Relevanz vun der Kulturgeschicht ze reflektéieren. Och d'Roll souwéi d'Situatioun vun der Kultur a Krisenzäite wéi der aktueller Pandemie ginn hei beliicht.
Méi wéi Paschtéitchen an Iechternacher Sprangpressessioun, Ofschlossvirtrag den 8. Mäerz, am Kader vum Konferenzzyklus "Kulturgeschicht Lëtzbuerg - vun den 1950er Jore bis haut", am CAPE zu Ettelbréck mat der Literaturwëssenschaftlerin Dr. E. Jeanne Glesener, Associate professor Uni Lëtzebuerg.
Organiséiert an Zesummenaarbecht mam Institut fir Lëtzebuerger Sprooch- a Literaturwëssenschaft an der Fuerschungsunitéit IPSE vun der Uni Lëtzebuerg.
Enregistrement a Montage: Carlo Link
Informatiounsmaterial zum Virtrag
Suite a Schluss vum Virtrag lauschteren
Dr. Jeanne E. Glesener @ Carlo Link