arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
Den Ivan Boumans
Den 18. Mee 2021 ass zu Diddeleng, am Kader vum Uergelfestival, d'Uropféierung vun "Three Amusements", eng Kompositioun fir Uergel a Perkussioun vum Ivan Boumans. De Museker mat spuenesche Wuerzele komponéiert zanter 1999 an huet e ganz variéierte Wierkkatalog - vun der Kammermusek iwwer symphonesch Blosmusek, Chouerliteratur bis Wierker fir Symphonieorchester. 2020 krut den Ivan Boumans de Composer Award bei den International Classical Music Awards.
Musek