Presserevue
Presserevue
Wéi de Katastropheschutz an Zukunft ka verbessert ginn, doriwwer schreift haut d'Lëtzebuerger Wort. Déi grouss Schlagzeil op der éischter Zeitungssäit ass "Nach der Flut ist vor der Flut".
Meteolux wéilt elo een eegene Server, esou d'Tageblatt am Kontext vun de Wiederwarnungen: den Ausfall vum Server vum staatleche Wieder-Déngscht an d'Reaktiounen dorop, géifen nom Héichwaasser vu Mëtt Juli weider Lächer an der Lëtzebuerger Krisen-Infrastruktur däitlech maachen, esou d'Analys.
D'Stad Iechternach huet weider finanziell Hëllefe wéinst dem Héichwaasser decidéiert: doriwwer informéiert haut d'Gratis-Zeitung L'Essentiel.