Presserevue
Presserevue
Firwat Dir Iech besser net op Gouvalert.lu verloosst: doriwwer schreift den Tobias Senzig haut am Editorial am Tageblatt.
"Il n'y a plus d'obstacle fondamental", dëst Zitat vum Mars Di Bartolomeo huet de Quotidien gewielt, am Kontext vun der geplangter Verfassungs-Revisioun. Am Interview mat der franséisch-sproocheger Zeitung zitt de President vun der zoustänneger Chamberkommissioun en Tëschebilan vun den Aarbechte fir d'Moderniséierung vum Grondgesetz.
Vun engem sécheren Ëmfeld a schwieregen Zäite schreift haut d'Tageblatt: et geet ëm den Drogen-Hëllefs-Zenter Abrigado, deen eng Zoufluchts-Plaz fir Drogen-Ofhängeger wier.