Zäithistoriker
E Comeback vun engem peinleche Geescht
0 min
Den dräifache Referendum vum 7. Juni 2015 war de Lëtzebuerger Gilet-jaune-Moment, de Lëtzebuerger Brexit, d'Lëtzebuerger Trump-Wal; et war de Moment, wou sech en onerwënschten Invité an d'Debatt zeréckgemellt huet: d'Natioun. An de politeschen, ekonomeschen, kulturellen mee och gewerkschaftlechen a reliéisen Elitten hat keen domadder gerechent, deem peinleche Geescht aus der Vergaangenheet erëm iwwer de Wee ze lafen.
D'Uni Lëtzebuerg war am mannsten op dee Comeback virbereet. Zanter hirer Grënnung huet sech an dëser Institutioun eng konstruktivistesch Lektür vum nationale Phenomeen imposéiert a mat hir d'Iddi, datt d'Natioun e kënschtlechen a schiedleche Kader ass.
Iwwerleeunge vum Zäithistoriker Vincent Artuso