Radioen

On air

Notturno  |  Rodney Franklin - Endless Flight

play_arrow Live
arrow_back_ios

Gezeechent - d'BD vum Mount

100komma7.lu / Gezeechent - d'BD vum Mount

/ Alix Garin - Ne m'oublie pas

Alix Garin - Ne m'oublie pas

"Ne m'oublie pas", der belscher Zeechnerin Alix Garin hiren Debut erzielt d'tragikomesch Geschicht vun der Relatioun tëschent enger jonker Fra an hirer dementer Groussmamm. D'Schauspillstudentin Clémence besicht am Altersheem reegelméisseg d'Marie-Louise, déi un Alzheimer erkrankt ass, hir Enkelin dacks net erkennt an an hirem Kapp mengt, datt si selwer nach e Kand ass.

D'Heldin ass net d'accord mat der Situatioun vu hirer Groussmamm an decidéiert an engem spontanen Akt vun der Rebellioun d'Marie-Louise ze entféieren a mat hir am Auto bis bei d'Haus un der franséischer Atlantikküst ze fueren, an deem si opgewuess ass. De Gros vun der BD spillt dann op der Rees dohin - eng ongewëss Rees, well keen dorop preparéiert ass an u sech och net weess, ob et dat Haus iwwerhaapt nach gëtt.

D'Alix Garin verbënnt hei vill konventionell Elementer vum Road Movie a gewënnt sécherlech kee Präis an der Kategorie Originalitéit. Mee, wéi dat am Road Movie och de Fall ass, ass de Wee d'Zil. D'Stäerkt vun der Zeechnerin ass et, d'Evolutioun vun de Figuren an hirer Relatioun ze observéieren an a Biller ze verwandelen. Et ass am grousse Ganzen eng duuss BD mat duusse Pastellfaarwen a mat enger dynamescher Linn, déi grad bei de Figure ganz expressiv ass an hir Emotioune mat ville Facetten duerstelle kann.

"Ne m'oublie pas" ass kee Buch, dat d'Rad nei erfënnt, huet awer eng gutt Mëschung ze bidden aus witzege Momenter, aus méi touchanten Zeenen, aus enger liichter Sozialkritik un der Aart a Weis, wéi eis Gesellschaft mat ale, kranke Mënschen ëmgeet, an aus enger Zort Bildungsroman, wat d'psychologesch Entwécklung vun der Heldin ugeet. Dat gëtt gekonnt presentéiert, mat Biller, déi d'Atmosphär an d'Charaktere gutt eriwwerbréngen, an domat bitt der Alix Garin hir BD gewëssermoossen eng gutt Summerlektür.

Episoden

Grouazel/Locard - Révolution, II. Égalité

Grouazel/Locard - Révolution, II. Égalité

Matten an der Geschicht: 2019 hunn de Florent Grouazel an de Younn Locard den éischte Band vun hirer Trilogie iwwer d'Franséisch Revolutioun erausbruecht. Elo koum d'Suite eraus.
headphones

7 min

play_arrow
Liv Strömquists - Astrologie

Liv Strömquists - Astrologie

Déi schweedesch Zeechnerin ass duerch hir feministesch Essaien bekannt ginn. An hirem neiste Comic beschäftegt si sech mat engem iwwerraschende Sujet: der Astrologie.
headphones

8 min

play_arrow
Lewis Trondheim - 31 juillet

Lewis Trondheim - 31 juillet

Deen aachte Band vun enger Serie mam Titel "Les nouvelles aventures de Lapinot", mee et muss een näischt doriwwer wëssen, fir dës kuerz BD mat 56 klengformatege Säiten ze liesen.
headphones

7 min

play_arrow
Deena Mohamed - Your Wish Is My Command

Deena Mohamed - Your Wish Is My Command

E modernt Märchen aus Ägypten vun enger ägyptescher Zeechnerin Deena Mohamed, dat mat an e modernt Kairo hëlt.
headphones

7 min

play_arrow
Stockhausen - "Der Mann, der vom Sirius kam"

Stockhausen - "Der Mann, der vom Sirius kam"

D'Liewe vum Karlheinz Stockhausen als Comic. Am Zentrum steet d'Faszinatioun déi den Auteur vu senge fréien Teenagerjoren u mat der Musek vum Avantgarde-Komponist hat.
headphones

8 min

play_arrow
Eva Müller - Scheiblettenkind

Eva Müller - Scheiblettenkind

Iwwer d'Opwuessen an enger däitscher Aarbechterfamill a dovun, wéi Klassementalitéit a sozial Ënnerscheeder d'Heldin hiert ganzt Liewe laang begleeden a beschäftegen.
headphones

7 min

play_arrow
Jean-Marc Rochette - La Dernière Reine

Jean-Marc Rochette - La Dernière Reine

Zeréck zur Natur: Eng Koppel stemmt sech an den Alpe vum fréien 20. Joerhonnert géint de Fortschrëtt a wierkt an hirer Anti-Modernitéit heiansdo ganz modern.
headphones

7 min

play_arrow
Kate Beaton, Ducks: Two Years in the Oil Sands

Kate Beaton, Ducks: Two Years in the Oil Sands

En autobiographescht Wierk iwwer der Kënschtlerin hir Zäit an der kanadescher Uelegindustrie an déi sëllege Forme vun Exploitatioun, déi si do erlieft huet.
Bastien Vivès - Dernier week-end de janvier (Casterman)

Bastien Vivès - Dernier week-end de janvier (Casterman)

Eng Léift um Comicfestival: dem Bastien Vivès seng neiste BD erzielt mat spuersame Mëttele vun enger onwarscheinlecher Libesgeschicht am Comicmilieu, déi sech bal net ze erkenne gëtt.
Hamed Eshrat - Coming of H

Hamed Eshrat - Coming of H

Kiffen a Sprayen an der Provënz: eng Migratiounsgeschicht mat der Geschicht vun enger Jugend an den 1990er Joren. Souverän erzielt, awer ouni grouss Iwwerraschungen.
headphones

8 min

play_arrow
Pierre-Henry Gomont, Slava, 1: Après la chute

Pierre-Henry Gomont, Slava, 1: Après la chute

De Pierre-Henry Gomont hëlt eis mat zeréck an d'Russland vun den Nonzeger, wou de Kommunismus grad zu Enn gaangen ass a sech d'Gesellschaft nei organiséiert.
headphones

7 min

play_arrow
Quentin Zuttion, La Dame blanche

Quentin Zuttion, La Dame blanche

En originelle Bléck op d'Aarbecht am Altersheem: De Quentin Zuttion huet sech an de leschte Jore mat sensibele Bicher zu aktuellen Theemen en Numm gemaach.
headphones

6 min

play_arrow
Birgit Weyhe, Rude Girl

Birgit Weyhe, Rude Girl

E Liewen tëschent Baseball, Ska a Brecht: eng faszinéierend Biografie mat spillereschen Iwwerleeungen zum Theema Representatioun
headphones

7 min

play_arrow
Zep - Ce que nous sommes

Zep - Ce que nous sommes

Just e Gehier an engem Tank? Gutt gezeechent, awer ganz konventionell Science Fiction
headphones

7 min

play_arrow
Elizabeth Holleville - Immonde!

Elizabeth Holleville - Immonde!

Den Horror lauert an der Industriezon: An hirer zweeter BD erzielt d'Elizabeth Holleville vun dräi Teenageren, déi komesche Virfäll an enger klenger elsässescher Industriestad noginn.
headphones

7 min

play_arrow
Aisha Franz - Work-Life-Balance

Aisha Franz - Work-Life-Balance

A hirer véierter Graphic Novel setzt sech d'Zeechnerin op witzeg a bësseg Aart a Weis mat der moderner Aarbechtswelt auserneen an hire Problemer.
headphones

7 min

play_arrow
Héctor Germán Oesterheld/Alberto Breccia/Enrique Breccia - Life of Che

Héctor Germán Oesterheld/Alberto Breccia/Enrique Breccia - Life of Che

En argentinesche Bléck op den Che Guevara
headphones

7 min

play_arrow
Lara Swiontek - Verwandlung

Lara Swiontek - Verwandlung

Ee Märche fir Erwuessener, déi éischt Graphic Novel vun der däitscher Kënschtlerin an Illustratorin
headphones

7 min

play_arrow
David Sala - Le Poids des héros

David Sala - Le Poids des héros

Dat neit Wierk vum franséischen Zeechner geet nees an eng éischter literaresch Richtung. Et ass e Familljeportrait vum Auteur, vu senger Kandheet a Jugend.
headphones

6 min

play_arrow
Jennifer Daniel, Das Gutachten

Jennifer Daniel, Das Gutachten

De Wehrmachtszaldot an d'RAF-Symphatisantin: d'Jennifer Daniel hëlt eis mat zeréck an d'Bonn vun de Siwwenzegerjoren.
headphones

7 min

play_arrow