Musek am Gespréich
The First Lady of Cabaret
D'Adrienne Haan, Joergang 1978, huet déi duebel Nationalitéit: déi lëtzebuergesch an déi däitsch. Sie huet zu Köln op der Hochschule für Musik und Tanz an op der Juilliard School zu New York studéiert. D'Kënschtlerin interesséiert sech fir Sproochen an huet nach viru Kuerzem e Master an ugewannte Sproochwëssenschaften absolvéiert. De 16. Juni ass d'Sängerin mat hirem Projet "Till the End of Time" opgetrueden. Dernieft huet si nach aner Optrëtter geplangt, déi si vun den USA iwwer Däitschland bis och mol nees op Lëtzebuerg wäert féieren. Den amerikanesche Journalist William Wolf huet d'Adrienne Haan als "First Lady vum Cabaret" bezeechent. D'Adrienne Haan ass d'Invitée vum Manuel Ribeiro am Studio vum radio 100,7.