Konferenzen
"Luxemburgs Exilregierung und die Entdeckung des Demokratiebegriffs"
A sengem Buch, "Luxemburgs Exilregierung und die Entdeckung des Demokratiebegriffs", dat am Juni 2021 a Kooperatioun vu capybarabooks an den Editions Forum publizéiert gouf, weist den André Linden déi graduell Entwécklung vum Begrëff Demokratie als féierende Wäert, an den Aussoe vun der Lëtzebuerger Exilregierung am Zweete Weltkrich.
Am Ufank, nodeems d'Nazi Truppen a Lëtzebuerg amarschéiert waren, goufen et aner féierend Wäerter, op déi d'Exilregierung a sengen Aussoen higewisen huet: Et goung iwwer Fräiheet, Onofhängegkeet, national Souveränitéit - vun Demokratie goung keng rieds. Am Laf vun 1941 hunn awer d'Bindunge mat den Alliéierten bedeit, datt de Begrëff Demokratie no an no Akzeptanz krut.
A sengem Quellsättege Buch weist den Auteur wéi d'Regierung am Exil, d'Konzept vun der Demokratie als eng effektiv Kategorie fir déi propagandistesch Selbstbehaaptung vu Lëtzebuerg entdeckt huet. Den André Linden presentéiert säi Buch am Gespréich, dat op Däitsch geféiert gouf, mat der Historikerin, der Prof. Dr. Sonja Kmec.
E Gespréich opgeholl den 1. Juni an der Abtei Neimënster, organiséiert vum IPW (Institut Pierre Werner) a resuméiert vum Carlo Link. Déi ganz Opnam gëtt op Nationalfeierdag, den 23. Juni, tëschent 17:00 an 18:00 Auer op der Antenn diffuséiert.