arrow_back_ios
Commentaire
Les Républicains an der Identitéitskris
A Frankräich ass dëse Sonndeg den éischten Tour vun de Regionalwalen. Déi riets-konservativ Partei Les Républicains kéint den Ëmfroen no a bis zu dräi Regiounen hir Spëtzt verléieren. Fir eng Partei, déi traditionell um regionalen Niveau hir Stäerkt ënner Beweis stellt, kéint dëse Verloscht an eng Kris féieren. Sech dovunner virun de Presidentschaftswalen nächst Joer ze erhuele kéint da schwéier ginn, mengt eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn.