arrow_back_ios
Komponist:in vum Mount
De Carl Maria von Weber (1786-1826)
De Carl Maria von Weber war vun Haus aus Pianist - een exzellenten Interpret a Komponist, deem seng Wierker spéider Generatioune vu Virtuose reegelméisseg gespillt hunn. Seng éischt Pianosstonne krut de Carl Maria von Weber vu sengem Papp a sengem Stéifbrudder. Spéider ass en als unerkannten Interpret uechter ganz Europa gereest. E gudden Deel vu senge Wierker huet de Carl Maria von Weber fir de Piano geschriwwen - Solo-Kompositiounen a konzertant Stécker.
Musek