Bewosst Gesond
Geméis um Spiiss - 1/2
Wien Uebst a Geméis beim Grille verschafft verbessert d'Qualitéit vum Iessen.
"E gudde Geméis-Spiiss oder eng Banann an der Schuel als Dessert eegne sech och wonnerbar fir op de Grill".
Wéi mer méi Faarwen, Aromaen an Ofwiesslung op den Grill bréngen, seet eis d'Dieteticienne Lis Muller. Si ass Invitée beim Angie Maquil.
"E Klassiker ass e Geméis-Spiiss mat Poivron, Ënnen, Courgetten, Champignone, Auberginnen. Heibäi d'Geméis a gläich grouss Stecker schneiden, fir datt se matenee fäerdeg sinn. Fir méi Goût ze bréngen eegne sech Rosmarin, Curry, Moschtert, Majoran ganz gutt. Marinade ginn dem Geméis méi eng zaart Konsistenz, duerfir kann een Zitroun, Sojaszooss, Jughurt, e bësschen Ueleg, deen héich Temperaturen aushält, wéi raffinéierte Raps oder Olivenueleg wielen".