Konferenzen
De Wee vum Text
De Wee vum Text war de Sujet den 8. Mee op enger Table ronde op de Mierscher Theaterdeeg am Mierscher Kulturhaus.
D'Begleedung a Beaarbechtung vun engem Theaterstéck, wéi ass de Wee a wat sinn d'Ëmweeër vum geschriwwenem Text? Vu wéi engem Moment un, ginn d'Autorinnen an d'Auteuren den Text of a wéini kann eng Regisseurin oder e Regisseur an en Text agräifen? Et diskutéieren den Dramatiker an Dramaturg Olivier Garfalo, den Regisseur an Direkter vum Théâtre National du Luxemburg, de Frank Hoffmann, an den Regisseur an Direkter vum Kaleidoskop Theater vu Beetebuerg, de Jean Paul Maes. Och d'Autorin Elise Schmit huet un dësem Panel deelgeholl, hier Aussoen sinn, op hire Wonsch hin, eraus geschnidden. Moderatioun huet de Marc Rettel,Coordinateur vu Reading Luxembourg bei der Agence luxembourgeoise d'action culturelle. E grousse Merci dem Marc Georges vum Mierscher Kulturhaus fir d'Opnam.