Musek am Gespréich
Beruff Konzertmeeschter
Mat 6 Joer fänkt de Klaidi Sahatçi a senger Heemechtsstad Tirana an Albanien mam Geiestudium un. Joerzéngte méi spéit, 2009, gëtt de Geiist Konzertmeeschter vum Orchester vun der Tonhalle Zürich. Mee vum éischte Geie-Cours bis op Zürich war et e wäiten an net ëmmer einfache Wee fir de Museker, deen och Professer am Conservatoire supérieur de la musique de la Suisse italienne zu Lugano ass. Iwwerdeems ass de Klaidi Sahatçi och als Kammermuseker wéi zum Beispill mam Aoide Trio ënnerwee. Zënter e puer Joeren ass hien och als Konzertmeeschter bei de Solistes Européens, Luxembourg mat derbäi. De Manuel Ribeiro huet mam Klaidi Sahatçi iwwert seng Karriär an de Beruff vum Konzertmeeschter geschwat.