Konferenzen
Op eemol ass alles anescht!
Wärend dem leschte Joer huet sech villes am Liewe vun eise Matmënsche geännert. Eisen Alldag leeft anescht of, d'Zesummeliewen ass verännert an ageschränkt, mir hunn aner Gewunnechten op der Aarbecht, d'Schoul an d'Veräinsliewe krut drastesch Aschränkungen operluecht.
Wéi geet de Mënsch mat esou Verännerungen ëm?
Wéi eng bleiwend Schied brénge Verännerunge mat sech?
Wou kann de Mënsch eng Stäip fannen, fir besser duerch esou schwéier Zäiten ze kommen?
Sinn dës Verännerungen och eng Chance, nei Weeër ze sichen an ze goen?
Op dës an aner Froe versichen d'Intervenanten Äntwerten ze fannen.
Moderatioun: Pit Bouché, Caritas a Member vum Verwaltungsrot vun der Erwuesse Bildung, (ze héieren an der Online-Versioun!)
Et diskutéiere mat:
Milly Hellers, Oktav-Priedegerin 2021
Marcia Dechmann, Mamm vun 3 Kanner, Infirmière Enseignante
Martine Kemp, Ingénieure
Paul Galles, ënnert anerem, Politiker, Member vum Verwaltungsrot vun der ErwuessenBildung
Norry Schneider, Centre for Ecological Learning Luxembourg / CELL
Enregistrement: Centre de formation diocésain Jean XXIII / Montage: Carlo Link
Online-Versioun: Lauschtert déi ganz Gespréichsronn
Video-Versioun: https://www.youtube.com/watch?v=8uPqaZTpB7Y