Zäithistoriker
L'histoire du temps présent
7 min
E kritescht Bewosstsinn fir Geschicht schafen dierf op kee Fall vun der enger allgemenger Vermëttlung vu Geschicht getrennt ginn. Den Zougank zu der Geschicht huet sech zwar an de leschte Joerzéngte stänneg demokratiséiert, mee de Contenu bleift awer gären ëmmer nach national a staatlech gepräägt. D'Ausernanersetzungen ëm den Artuso-Rapport sinn e gutt Beispill dofir.
De Christoph Brüll vun der Uni Lëtzebuerg mengt, datt an dësem Rapport vill pertinent Froen opgeworf goufen, fir ënner anerem och nozeweisen, datt d'Situatioun vu Lëtzebuerg deemools zwar ganz spezifesch, mee op kee Fall eng eenzegaarteg war.