Komponist:in vum Mount
Eng Autobiographie an zéng Kapitelen
8 min
E Buch an zéng Kapitelen, an enger Sprooch, déi net jiddwerengem zougänglech ass, an dat dach déi ganz Bandbreet vun de mënschlechen Emotiounen ëmfaasst: esou kann een dem Eliahu Inbal seng Vue op dem Gustav Mahler seng Sinfonië resüméieren. Seng ganz Karriär laang setzt sech den Dirigent well mam Komponist sengem Wierk auserneen a bréngt seng Sinfonien ronderëm déi ganz Welt op d'Bün. Ënner anerem och zu Lëtzebuerg. Bei enger vu senge Visitte beim Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg hu mir mam Eliahu Inbal iwwer de Gustav Mahler a seng Sinfonien geschwat.