Konferenzen
Fake News a Verschwörungstheorien - Demokratie um Préifstand!
Net nëmmen an Zäite vu Covid-19 zirkuléieren ëmmer erëm bewosst Falschmeldungen oder Verschwörungstheorië virun allem a sozialen Netzwierker oder Chat-Programmen. Si wëlle Mënschen täuschen, bidden einfach Erklärungen an enger komplexer Welt a sinn zum Deel nëmme schwéier vun zouverlässegen Informatiounen ze ënnerscheeden.
Firwat lafe mir alleguer Gefor, op Fake News oder Verschwörungstheorien eranzefalen? Wéi eng Auswierkungen hu se op d'Meenungsbildung an op d'Fundament vun enger Demokratie? Wéi kann een erfollegräich géint se virgoen?
D'Debatt vum 22. Abrëll war am Kader vun der Serie Fake News am Trifolion zu Iechternach, a Kooperatioun mat der Zäitschrëft "forum".
Participanten:
Karin Weyer, Psychologin a Psychotherapeutin am Centre contre la radicalisation
Judith Reicherzer, verantwortlech fir Kommunikatioun a Medienausbildung am Lycée Aline Mayrisch
François Moyse, Affekot an der Stad Lëtzebuerg. Hien ass spezialiséiert op Mënscherechter, praktizéiert awer och Europäescht Recht an allgemeng Sträitfäll op alle Geriichter
Anne Schaaf, fräi Kulturjournalistin heiheem an am Ausland an zukünfteg Historikerin
Moderatioun: Romain Schroeder, Zentrum fir politesch Bildung
Enregistrement: Trifolion. Montage an Audio-Mastering: Carlo Link
V.l.n.r.: Anne Schaaf, François Moyse, Judith Reicherzer, Karin Weyer, Romain Schroeder © Trifolion
d'Suite vum Debat lauschteren, wéi och d'Froen an d'Äntwerten
Eng zweet Debatt, am Kader vun der Serie Fake News am Trifolion zu Iechternach vum 7. Mee, ënnert dem Titel: "Fake und Fakten - Medien im digitalen Zeitalter", bréngt de Radio 100,7 den 13. Mee op Christ Himmelfaart, tëschent 17:00 an 18:00 Auer.