arrow_back_ios
Commentaire
Trotz Covid-19 keng Austeritéit néideg
Bei den ëffentleche Finanze rechent d'Regierung dëst Joer mat engem Defizit vun zwee Prozent vum PIB. Dat sinn d'Zuelen, déi Lëtzebuerg rezent op Bréissel gemellt huet. Fir d'lescht Joer gëtt mat engem Defizit vu 4,1 Prozent vum PIB gerechent.
Wann net nach en onerwaarten neie Coup kënnt, huet Lëtzebuerg d'Corona-Pandemie ekonomesch a finanziell den Ëmstänn entspriechend gutt iwwerstanen,mengt de Jean-Claude Franck.