Kultur
Déi 24. Luxembourg Museum Days
45 Muséeën, dorënner déi siwe vum Groupement vun de Stater Muséeën, plus 38 regional Haiser, invitéieren de Weekend vum 15. a 16. Mee op déi 24. Luxembourg Museum Days. 2020 war d'Manifestatioun, wéinst Corona, jo reng virtuell, mee 2021 kënnt Dir nees, tëschent Klierf a Rëmeleng, iwwer Rouspert a Biekerech, déi permanent Sammlungen an och temporär Expoen analog a gratis entdecken, respektiv bei Ateliere matmaachen oder Konferenze lauschteren.
D'Kerstin Thalau ass vum Alain Faber, Direkter vum natur musée a Koordinator vum Groupement vun de Stater Muséeë méi gewuer ginn.