Bewosst Gesond
Light ass net ëmmer manner
Méi liicht an dacks méi deier. A well et manner siedegt, huet ee méi séier nees Honger.
D'Liste des ingrédients weist wat am Produit dran ass. Wat op der éischter Plaz steet, ass am meeschten dran. Bei enger Mayonnaise Light z. B. steet op der éischter Plaz Waasser, dat well de Produit mat Waasser verdënnt ass a mat Déckungsmëttel ugeräichert ass. Schiedlech ass se dowéinst net a kann och fir e Plat mat méi Kalorië verschafft ginn, fir méi liicht ze iessen.
"Esou gezeechent Produiten, mat Light, Zéro oder Svelte, hunn dacks awer vill Kalorien, Fett oder Zocker. Dofir lount sech de Verglach mat deem selwechte Produit ouni Light. Wann dee méi liichte Produit 30 Prozent manner Energie reell a Form vu Fett oder Zocker huet, stëmmt et och, wéi et dropsteet,"
seet d'Dieteticienne Lis Muller. Si ass Invitée beim Angie Maquil.