Konferenzen
Fake News a Verschwörungstheorien - Demokratie um Préifstand!
Net nëmmen an Zäite vu Covid-19 zirkuléieren ëmmer erëm bewosst Falschmeldungen oder Verschwörungstheorië virun allem a sozialen Netzwierker oder Chat-Programmen. Si wëlle Mënschen täuschen, bidden einfach Erklärungen an enger komplexer Welt a sinn zum Deel nëmme schwéier vun zouverlässegen Informatiounen ze ënnerscheeden.
Firwat lafe mir alleguer Gefor, op Fake News oder Verschwörungstheorien eranzefalen? Wéi eng Auswierkungen hu se op d'Meenungsbildung an op d'Fundament vun enger Demokratie? Wéi kann een erfollegräich géint se virgoen?
D'Debatt vum 22. Abrëll war am Kader vun der Serie Fake News am Trifolion Iechternach a Kooperatioun mat der lëtzebuergescher Zäitschrëft forum.
Participanten an der Reiefolleg, wéi si am Ufank zu Wuert kommen :
- François Moyse, Affekot an der Stad Lëtzebuerg. Hien ass spezialiséiert op Mënscherechter, praktizéiert awer och europäescht Recht an allgemeng Sträitfäll op alle Geriichter
- Karin Weyer, Psychologin a Psychotherapeutin am Centre contre la radicalisation
- Anne Schaaf, fräi Kulturjournalistin heiheem an am Ausland an zukünfteg Historikerin
- Judith Reicherzer, verantwortlech fir Kommunikatioun a Medienausbildung am Lycée Aline Mayrisch
Moderatioun: Romain Schroeder, Zentrum fir politesch Bildung
Resumé vun der Debatt vum 22. Abrëll. Enregistrement: Trifolion / Montage an Audio-Mastering: Carlo Link
Déi komplett Debatt bréngt de Radio 100,7 - den 9. Mee tëschent 17:00 an 18:00 Auer !
https://trifolion.lu/de/programm/event-categories/fake-news.html