Kultur
"Rethinking Nature" a Corona-Zäiten
Grenziwwerschreidend Projeten organiséieren ass, a Corona-Zäiten, kee Kannerspill. Zemools net, wann, wéi beim European Month of Photography, kuerz EMoP, eng hallef Dosen europäesch Stied involvéiert sinn: nämlech Athen/ Berlin/Lissabon/Paräis/Wien ... a Lëtzebuerg. Déi lëtzebuerger ASBL Café Crème huet den Challenge ugeholl, inauguréiert Enn Abrëll an Ufank Mee 2021 direkt 26 Foto-Expoen a Kulturinstitutiounen, Galerien an am Espace public; d'Invitéen an d'Kënschtler gi fir Juni erwaart. Dat Ganzt ënner dem passende Motto "Rethinking Nature". D'Kerstin Thalau am Gespréich mat Café Crème.