Kultur
En Owend mam Auteur Romain Butti um LiteraTOUR 2021
De Romain Butti, Joergang 1989, huet däitsch an englesch Literaturwëssenschaften zu Freiburg (D) studéiert, éier hien zu Berlin als Social-Media-Manager geschafft huet. No sengem Openthalt an der däitscher Metropol huet hien eng Zäit an Neuseeland gelieft, wou virun allem déi oppe Mentalitéit an déi vast Natur hien déif beandrockt hunn. Dës Andréck verschafft den Auteur a senger Novell "Ein Jahr in Berlin", déi 2019 bei Kremart Edition an der Kanephora-Rei verëffentlecht gouf.
"Fir wann ech net méi kann" ass dem Auteur säin éischt Theaterstéck, fir dat hien 2018 den éischte Präis beim Nationale Literaturconcours krut. Et koum 2020 bei Kremart Edition an der Serie Timba eraus - e Stéck mat poetesche Biller an enger intensiver Atmosphär ronderëm en Haaptpersonnage, deen an enger déiwer, perséinlecher Kris stécht. DʼStéck ass och dʼBasis vum Projet "The End My Friend", deen am Mäerz 2021 online ze gesi war mat Philippe Meyrer, Konstantin Rommelfangen an Annette Schlechter, ënner der Regie vum Ronald Dofing a mat Musek vum Bartleby Delicate. Fir de Projet Connection vum Kinneksbond Mamer an de Stater Theateren gouf 2020 ënner der Regie vum Fabio Godinho dem Romain Butti säi Monolog "Erop" opgeféiert.
Am Kader vum Literatur-Festival zu Beetebuerg, LiteraTOUR 2021, hat dee jonken Auteur d'Méiglechkeet iwwer seng Wierker an Inspiratiounsquellen ze schwätzen. "En Owend mat dem Auteur Romain Butti", esou war d'Evenement vum 18. Abrëll iwwerschriwwen, dat vum Valerija Berdi moderéiert gouf.
Lauschtert dat ganzt Gespréich (Fir déi schlecht Tounqualitéit, entschëllege mir eis!)
Enregistrement a Montage: Carlo Link
Extraiten "Ein Jahr in Berlin"
Episoden
Joël Egloff - Ces féroces soldats
A sengem neie Roman verléisst de franséische Schrëftsteller seng gewéinlech fiktional Prosa an erzielt hei d’Geschicht vu sengen Elteren.
Nei Ausstellungen am CNA souwéi an der Méckenheck
"Traces of Time" vum éisträichesche Kënschtler Kai Walkowiak am CNA/Pomhouse an eng kollektiv Ausstellung an der Méckenheck zu Bierchem
Blues'n' Jazz Rallye
De Michel Leruth, Booker fir d'Evenement vun dësem Samschdeg, bei deem 40 Bands a Museker optrieden, gëtt Detailer.
Eve Guerra - Rapatriement
Déi franko-kongoleesesch Schrëftstellerin schwätzt iwwer hir Literatur.
Blues‘n' Jazz Rallye dëse Samschdeg am Pafendall, Clausen a Gronn.
De Michel Leruth, Booker fir d'Evenement vun dësem Samschdeg, bei deem 40 Bands a Museker optrieden, gëtt Detailer.
"Corps au bout du monde": Am Gespréich mat der Marion Rothhaar an der Rahel Jankowski
Déi zwou Schauspillerinnen iwwer hiert Stéck, dat den Ament am Château de Saint-Chamand zu Avignon opgeféiert gëtt.
Nei Saison an nei Direktioun am CAPE
Am Centre des arts pluriels zu Ettelbréck gëtt et eng nei Spëtzt: d’Ana Maria Tzekov, déi virdrun an der Philharmonie am Beräich Museksvermëttlung geschafft huet, huet d’Direktioun vum Carl Adalsteinsson iwwerholl.
"Corps au bout du monde": Am Gespréich mat der Marion Rothhaar an der Rahel Jankowski
Déi zwou Schauspillerinnen iwwer hiert Stéck, dat den Ament am Château de Saint-Chamand zu Avignon opgeféiert gëtt.
Jenny Erpenbeck - "Kairos"
Laureatin vum International Booker Prize 2024
Filmkritik: "Sons"
D'Ekipp vum Grousse Kino hat dësen dänesche Prisongsthriller de leschte Samschdeg beschwat.
Kulturagenda vun der Woch
Vu Liesungen bis Karaoke
"Kéis"
Wou kënnt dat Wuert hier?
Samuel Hamen a säi Servais-Präis
Zeremoniell Iwwerreechung vum Servais-Präis un de Samuel Hamen am Nationale Literaturarchiv
Queere Storytelling an der Escher Bibliothéik
D’Séraphine Mirage liest Shakespeare; den Tom Hecker kommentéiert säi rezente Face-à-face mam ADR Deputéierten Tom Weidig
Banal a wéineg couragéiert Medienanalys
Iwwer dem Laurent Moyse säi Sachbuch "La Bataille des journalistes. Réflexion sur le monde de l'information à la dérive".
Impressioune vum Vernissage vum Lëtzebuerger Foto-Projet zu Arles
D’Isabelle Medinger war fir hire Papp, de Fotograf Michel Medinger, op de Rencontres d’Arles.
Helen Bucholtz: tëschent zwou Welten
E Buch vun der Noemi Deitz iwwer eng Komponistin aus der Lëtzebuerger Museksgeschicht, déi an den Nonzeger Joren iwwerhaapt emol entdeckt gouf.
Chroegraphical Talks déi Drëtt
Iwwer hir Praxis ze schreiwe schéngt déi däitsch-lëtzebuergesch Choreographin Anne-Mareike Hess een einfach ze léisende Mystère ze sinn, deem si awer mat vill Virsiicht a Sensibilitéit entgéinttrëtt.
Fari Khabipour: "Innerer Frieden, äusserer Wandel.“
Wéi perséinlech Verännerungen d'Wierklechkeet gestalten - e Gespréich
![Valer Sabadus | © Christine Schneider Closer to paradise | © Christine Schneider](/1_Foto/100komma7.lu/189750/image-thumb__189750__base_thumbnail/Valer%20Sabadus.8eb7a6ea.jpg)