Komponist:in vum Mount
Den Ivan Boumans
Fräischaffend Komponisten - dat ass eng romantesch Virstellung, déi an der Museksgeschicht wéineg mat der Realitéit ze dinn huet. All déi grouss Komponiste stoungen entweder a Brout a Loun bei engem adelegen oder geeschtlechen Här oder hunn dirigéiert an enseignéiert. Béides mécht och den Ivan Boumans, dee selwer seet, datt et fir e Komponist wichteg ass, am Liewen ze stoen, net zeréckgezunn an enger Komponéierstiffchen ze schaffen. Chéier an Instrumentalensembelen dirigéieren, ass ee wichtegen Deel vum Ivan Boumans senge musikaleschen Aktivitéiten, grad wéi den Enseignement am Stater Conservatoire.