Kultur
De WIP ass erëm do!
Normalerweis ass all zweeten Dënschdeg vum Mount de WIP am Ratelach, dem Bistro vun der Escher Kulturfabrik. Do kréien Autorinnen an Auteuren Geleeënheet hir nach net publizéiert Texter dem interesséierte Publik an enger gemittlecher Atmosphär virzestellen a mat Hëllef vun engem "Bourreau", deen oder dat d'Liesunge moderéiert, des Inediten ze diskutéieren. Mee, well den "normalerweis" schonn iwwer ee Joer ausgesat ass, gouf et schonn esou laang och kee WIP méi. Elo huet de Word in Progress awer säi Comeback gefeiert, net am Ratelach an och ouni Iessen a Gedrénks, mee dat huet der Stëmmung net geschuet. D'Valerija Berdi war lauschteren.