arrow_back_ios
Kultur
Dem Brandy seng Ufäng als professionelle Moler
Mat der Expo "Robert Brandy face à lui-même" kuckt eisen Nationalmusée op 50 Joer kënschtlerescht Schafe vum Moler Robert Brandy zeréck. D'Retrospectiv ass an zwee Voleten opgedeelt: si weist den Ëmfang vu 50 Joer Kënschtlerkarriär, doriwwer eraus gëtt awer och dem Kënschtler seng Positioun an der Lëtzebuerger Konschtgeschicht thematiséiert. "All Ufank ass schwéier", heescht et. D'Kerstin Thalau ass vum Brandy méi zu deem Theema gewuer ginn.