Kultur
"Robert Brandy face à lui-même" am MNHA
Wéi de Robert Brandy ufanks den 1970er decidéiert huet, vu senger Konscht liewen ze wëllen, an dat en plus zu Lëtzebuerg, ass hien, als eng Aart jonke Wëllen, zimmlech belächelt ginn. Haut gehéiert hien zu de bekanntste Kënschtler hei am Land. 2021 kann hien direkt e puer ronn Gebuertsdeeg feieren: den 18. Abrëll säin eegene 75., hie kuckt op 50 Joer erfollegräich Karriär zeréck an hien huet viru 45 Joer eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg ausgestallt. Den Nationalmusée um Fëschmaart widmet aus all deene Grënn dem Moler eng grouss Retrospektiv. D'Kerstin Thalau huet mam Brandy Bilan gezunn.