New Cotton Club
New Cotton Club
An der éischter Stonne proposéiere mir Iech vill verschidde Museker, déi sech am easy listening oder smooth Jazz beweegen: Cassandra Wilson, Sara Lazarus, Jamie Cullum, Marly Marques, Helen Schneider a Luana Capodimonte.
An der zweeter Stonn steet dann éischter d'WDR Big Band am Mëttelpunkt, mat Gäscht wéi de Wolfgang Niedecken oder d'Cecile Verny.
An an der drëtter Stonn konzentréiere mer eis ganz op Duetter, mat engem Frank Sinatra, Diane Reeves, Al Jarreau, oder och nach e Robbie Williams.
Happy listening wënscht ausnamsweis de Claude Faber.