Panorama
Panorama
De Sozialminister Romain Schneider iwwerhëlt bis op Weideres verschidden Aufgabe vun der Gesondheetsministerin, nodeems d'Paulette Lenert e Malaise hat. De Romain Schneider krut eng Délégation de Signature bis den 18. Abrëll accordéiert
D'Restauranten a Caféen zu Lëtzebuerg bereede sech vir op d'Re-Ouverture vun den Terrassen, déi fir muer geplangt ass
Déi franséisch Justiz enquêtéiert, nodeems d'Televisiounschaîne M6 iwwer geheim Luxusiessen ouni Corona-Restriktiounen zu Paräis bericht hat
Am Saarland ginn haut eng ganz Partie Restriktiounen opgehuewen. D'Saarland ass dat éischt däitscht Bundesland, wou e sougenannte Corona-Modell-Projet ausprobéiert gëtt
An Däitschland kënnen d'Leit sech vun haut un och bei hirem Hausdokter impfe loossen
A Frankräich trëtt deen neie landeswäite Lockdown haut komplett a Kraaft. Deemno gëllt elo och d'Reegel, datt ee sech net méi wäit wéi zéng Kilometer vun Doheem ewech däerf beweegen
Am Prozess iwwer den Doud vum Afroamerikaner George Floyd huet de Chef vun der Police vu Minneapolis schwéier Virwërf géint den ugeklote fréiere Polizist Derek Chauvin gemaach
De russesche President Vladimir Putin huet d'Gesetz ënnerschriwwen, wat him et erlaabt, fir zwee weider Presidenten-Mandater ze kandidéieren a méiglecherweis bis 2036 un der Muecht ze bleiwen