arrow_back_ios
Kultur
Neit Liicht an der Corona-Kris?
Fir hir Molereien a jäizege Faarwe baséiert d'Chantal Maquet sech mat Virléift op Biller, also Fotoen / Postkaarten / Filmer, aus den 1950er Joren. Dat och nees fir hir aktuell Expo an der Diddelenger Galerie Nei Liicht, fir déi si sech mat der Kandheet vun hirem Papp, am belsche Kongo, auserneegesat huet. De Projet huet si dräi Joer laang begleet an ass haaptsächlech zu Hamburg entstanen, der Kënschtlerin hiren éischte Wunnsëtz. D'Kerstin Thalau ass vun der Chantal Maquet gewuer ginn, wéi si do dat éischt Corona-Joer erlieft huet.