arrow_back_ios
Kultur
Frédérique Deghelt - Libertango
"C'est du tango. Chez moi, en Argentine, on dit que le tango est une pensée triste qui se danse." seet den Astor Piazzolla dem jonke Luis Nilta-Bergo um Bord vun der Seine ze Paräis. Eng Renconter, déi dem jonke Mann säi Liewe verännert. An enger fiktiver Geschicht geléngt et der franséischer Schrëftstellerin Frédérique Deghelt den Effet vun der Musek op de Mënsch iwwerzeegend duerzeleeën. D'Valerija Berdi huet "Libertango" gelies.