Gezeechent - d'BD vum Mount
Frederik Peeters: Oleg
De Schwäizer Frederik Peeters erzielt an "Oleg" aus dem Liewe vun engem Comiczeechner, deen him net net änlech ass. Den Oleg ass Mëtt bis Enn 40, lieft zu Genf, huet eng Famill an ass bekannt fir seng Science-Fiction-Wierker. Mat enger ganzer Rei Mëttele schaaft de Peeters awer net nëmmen Distanz tëschent sech an dem Oleg, mee spillt och mat de Konventioune vum Autobiographeschen. Esou verbënnt hien d'franséischer Traditioun vun der Autofictioun mat vill Selbstironie.
"Oleg" huet kee strikte Plot, mee besteet aus enger Rëtsch Episoden. Engersäits duerchlieft den Oleg grad eng kreativ Kris, schafft un engem postapokalyptesche Comic, vun deem hien net esou richteg iwwerzeegt ass. Anerersäits stécht en och an enger Midlife-Crisis, mierkt, datt d'Welt sech méi séier dréit wéi hien an datt hien de Bezuch zur Jugendkultur verluer huet. Vu Larmoyanz oder Nostalgie ass allerdéngs keng Spuer. Och d'Kris vum mëttelale Mann behandelt de Frederik Peeters mat vill Humor an Ironie. Ganz eescht hëlt hien dogéint d'Famill. U senger Roll als Familljepapp zweiwelt den Oleg nämlech ni; si funktionéiert als Géigegewiicht zur verspillter Kënschtlerthematik.
Mat senge graffe Schwaarz-Wäiss-Zeechnunge steet de Frederik Peeters kloer an der Traditioun vum Indie oder Underground Comic, un déi een och vill Allusiounen an der BD fënnt. Interessant ass, datt an "Oleg" Realitéit a Fiktioun dacks aneneen iwwerginn an och banal Alldagszeenen aus dem Bléck vum Comiczeechner gesinn an duerch dësen transforméiert ginn, esou datt een heiansdo menge kéint, et wier ee beim Moebius oder Hergé gelant. Duerch den ofwiesslungsräiche Stil an déi visuell Iwwerraschunge bleift d'BD dann och ëmmer spannend.
"Oleg" ass e gelongent, witzegt a mat Momenter touchant Wierk, dat mat senge ville Referenzen un d'Comictraditioun awer och gewëss Connaissancë bei sengem Public viraussetzt, fir datt ee voll op seng Käschte kënnt.