Klassik aktuell
De Beethoven an d'Dammen
"Mein Engel, mein Alles, mein Ich" - eng Zeil aus dem Ludwig van Beethoven sengem "Brief an die unsterblich Geliebte". Am Komponist sengem Liewen gouf et eng Rëtsch Dammen, an déi hie sech verkuckt hat. An da gëtt et och nach d'Minona von Stackelberg, Duechter vun der Josephine Deym, spéider Gräfin von Stackelberg. Ass d'Minona éieren Duechter vum Beethoven? Ass d'Josephine Deym um Enn "die unsterbliche Geliebte"? E weidert spannend Kapitel ronderëm den 250. Gebuertsdag vum Komponist proposéiert vum Joachim Fontaine.