arrow_back_ios
Kultur
Ça gaze: de Ponx vu cooperationsART
Zanter Juni 2020 invitéiert d'Escher Kulturfabrik reegelméisseg Lëtzebuerger Artiste fir Kënschtlerresidenzen. Iwwerschriwwe si se mat Squatfabrik, geduecht si se als Ënnerstëtzung vu Kreativen a Covid-Zäiten.
Den inklusiven a multidisziplinäre Kënschtlerkollektiv cooperationsART, vu Wolz, konnt schonn zweemol vun der Initiativ profitéieren. Déi zweete Kéier direkt e ganze Mount. D'Kerstin Thalau huet zu Esch hire Graffiti-Sprayer Ponx kennegeléiert.