Kultur
Et kënnt op d'Gesten un, esou d'Suzan Noesen
"Labyrinth der gestischen Tropen" ... wat gelift? "Labyrinth der gestischen Tropen" ass déi aktuell Expo vun der Suzan Noesen iwwerschriwwen. No hire Studien an Openthalter an Holland an Ost-Däitschland lieft a schafft d'Kënschtlerin haut bei hirer Boma um Bauerenhaff zu Lëtzebuerg.
De Film iwwer dës ongewéinlech Wunngemeinschaft huet d'Suzan Noesen hei am Land bekannt gemaach. Si war fir dee leschten, héich dotéierten, Luxembourg-Encouragement for-Artists-Prize 2020 nominéiert a presentéiert ebe bis de Weekend eng Konschtinstallatioun am CAPE zu Ettelbréck. An dat mat de Gesten erklären Iech d'Kerstin Thalau an d'Suzan Noesen am beschte selwer.