arrow_back_ios
Kultur
Mat "Panikherz" zeréck an den Theater
Wärend zu Lëtzebuerg Theatere schonn op Héichtoure lafen, steet d'Kultur an Däitschland nach ëmmer stëll. Ee Pilotprojet zu Berlin soll elo eng Perspektiv fir d'Reouverture liwweren. Am Theater um Bertolt-Brecht-Platz gëtt e Freideg a Samschdeg "Panikherz" gespillt. Eng Adaptatioun vum Benjamin von Stuckrad-Barre sengem autobiographesche Roman.
De Ben Kobs huet mam Oliver Reese, dem Intendant vum Berliner Ensembel a Regisseur vun dësem Stéck geschwat.