Kultur
D'Natioun: Emanzipatioun a Repli
D'Pandemie hätt gewisen, datt den Nationalstaat weiderhin eng wichteg Roll spillt a wuel och an Zukunft wäert spillen, seet den Historiker Pascal Ory. Iwwerhaapt wier d'Iddi vun der Natioun hirem Ursprong no eng emanzipatoresch Iddi, déi d'Fräiheet an d'Selbstbestëmmung als Zil hätt. Och wa se - zum Beispill an der Form vum Nationalismus - dacks zu aneren Zwecker géif mëssbraucht ginn.
De franséischen Historiker war rezent op Invitatioun vum Institut Pierre Werner zu Lëtzebuerg. D'Pia Oppel konnt sech bei där Geleeënheet mat him ënnerhalen.