Gezeechent - d'BD vum Mount
Baru - Bella Ciao
Bella ciao ass eng Bande dessinée an dräi Bänn, an där de Baru Geschichten iwwert d'italieenesch Immigratioun an den industriellen Norde vun der Lorraine versammelt. Deelweis stamen se aus dem Zeechner sengem eegenen Ëmfeld, deelweis aus der Geschicht. Zesummegehale ginn d'Erzielunge vu bestëmmte Motiver, dorënner d'Partisane-Lidd "Bella ciao", dat der Bande dessinée hiren Titel gëtt.
D'Buch gëtt duerch en duebele Bléck charakteriséiert, e Bléck no hannen a no vir. Et geet em eng Recherche vun de Originnen, déi festgehale solle ginn, fir dass och déi spéider Generatiounen se nach kennen, a gläichzäiteg em eng Sich nom Moment, wou de Immigrant "transparent" gëtt, no baussen hin net méi als Immigrant gesi gëtt.
Lass geet et mat engem däischtere Prolog, enger Rekonstruktioun vu engem Massaker un italieeneschen Aarbechter zu Aigues-Mortes am Joer 1893. De Baru fänkt hei in medias res un a spréngt an der Zäit hin an hir, esou dass een eréischt lues a lues d'Hannergrënn an d'Zesummenhäng versteet. Dëse Prinzip fënnt een och an den aneren dräi Erzielunge vun dësem éischte Band. An der zweeter erënnert sech den Erzieler un seng Kommuniounsfeier ugangs de Sechzeger Joren, an et dass dëst och eng Geschicht, déi sech ganz explizitt mat der Zouverlässegkeet vun der Erënnerung auserneesetzt.
Duerno kommen nach zwou Geschichten iwwert d'Relatioun vun den italieeneschen Immigranten zum Faschismus kuerz virun a wärend dem zweete Weltkrich. Dem Baru säi Papp mécht virun dësem Hannergrond eng Demande, fir d'franséisch Nationalitéit unzehuelen. An enger anerer Famill gëtt sech un e Monni erënnert, dem mat den Internationale Brigaden a Spuenie gekämpft huet. Et sinn dëst vläicht déi accessibelst Erzielungen am Buch, och well se vill mat Humor an Ironie schaffen.
Insgesamt presentéiert de Baru eng déifgrënneg Reflexioun iwwert Immigratioun an Identitéit, verschachtelt a komplex erzielt, mat engem Aquarellstil, deen sech ëmmer de Geschichten upasst. E kannt een dës Bande dessinée mat vill Gewënn liesen, speziell aus enger lëtzebuergescher Perspektiv, well si ass net nëmme geographesch, mee och thematesch ganz no un eisem Land drun.