Panorama
Panorama
No der Fuesvakanz ass an de meeschte Schoulen zu Lëtzebuerg vun haut un nees Presenzunterrecht. Déi sanitär Mesurë goufen awer verstäerkt
D'Santé soll dës Woch méi e komplett Bild kënne gi vun de Virus-Mutatiounen hei am Land, fir méi Fäll vun Infektioune mat Varianten ze detektéieren, kéinten elo och nei PCR Tester agesat ginn, esou de Santés-Direkter de Moien op eiser Antenn
An Däitschland ginn haut an zéng Länner d'Schoulen no zwee Méint nees op
Déi zweet Phas vun der Impfcampagne zu Lëtzebuerg soll dës Woch ulafen
De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn huet Däitschland op en Neits virun zouene Grenze gewarnt
Déi nei europäesch Drénkwaasserdirektiv kéint fir 23 Gemengen zu Lëtzebuerg Schwieregkeete mat sech bréngen
Déi amerikanesch Fluggesellschaft United Airlines léist 24 Boeing 777 Fligeren um Buedem nodeems e Motor explodéiert war
D'Ausseministere vun der EU decidéieren haut iwwer eventuell nei Sanktioune géint Russland a géint Myanmar