Konferenzen
Deceptive Images
Den Tom Van de Weghe ass en investigative Journalist, Auslandskorrespondent a präisgekréinten Dokumentarfilmer fir de flämeschen ëffentlechen TV-Sender. Hie gouf bekannt fir seng Berichter iwwer d'HIV-Kris an der Henan Regioun a China an d'Atomkatastroph vu Fukushima a Japan. An de leschte Jore schafft hie mat engem Team vu Journalisten a Fuerscher op der Stanfort Universitéit un Deepfakes, am Zesummenhang mat kënschtlecher Intelligenz, a wéi béid de Medie schueden an och notze kënnen.
A sengem Virtrag den 10. Februar, am Kader vun der World Press Photo Exhibition 2020 am Neimënster, erkläert den Tom Van de Wegle ënner anerem, wéi sech Video-Forensik a Froen iwwer d'Authentifizéierung op déi haiteg Noriichteredaktiounen auswierken.
D'Konferenz an d'Gespréich si ganz op Englesch.
Moderatioun: Ines Kurschat, Journalistin a Generalsekretärin vum Lëtzebuerger Presserot
Enregistrement: Neimënster / Montage an Audio-Mastering: Carlo Link
Video vun der Konferenz: (d'Moderatioun fänkt bei 3:22 un)
Audio vun der Konferenz:
Lauschteren (Introduktioun a Virtrag)
Lauschteren (Diskussioun, Froen/Äntwerten)
Selfie-Expressiounen (lénks Rei) iwwerdroen op déi verschidde Portraiten © Tom Van de Weghe