Klassik aktuell
Eng Kinnigin bei der Kinnigin
Si ass Laureatin vum Latvian Grand Music Award, si gëtt ëmmer nees gefrot fir Kreatiounen: d'Organistin Iveta Apkalna ass antëschent eng Kinnigin op der Kinnigin vun den Instrumenter. Um Wee an déi international grouss Karriär hat si scho fréi Halt zu Lëtzebuerg gemaach - viru 15 Joer op der Schuke-Uergel vun der Philharmonie. Zanterhier ass si reegelméisseg am Concertshaus ze erliewen. En nächste Méindeg (22.2.2021) kënnt d'Iveta Apkalna mat engem Programm, deen Traditioun a Modernitéit verbënnt: Musek vu Bach a Glass.