Panorama
Panorama
Feier op der Place d'Armes, 50 Pompjeeë gëschter Owend am Asaz, zwou Persoune koume fir Kontrollen an d'Klinik
Bei den Hôpitaux Robert Schuman huet d'Presidence vum Verwaltungsrot sech um Ufank géint Covid-19 impfe gelooss. Der Santé no sollte Membere vun de Verwaltungsréit vun de Spideeler awer eréischt um Enn vun der zweeter Phas un d'Rei kommen
De Regëster vun den effektive Besëtzer vu Gesellschafte géif der Finanzplaz hëllefe fir onerwënschte Clienten ofzeschrecken, sot eis de Geschäftsaffekot Alain Steichen. D'OpenLux-Recherchen hätten awer och Schwaachpunkte vum Regëster opgewisen
D'Weltgesondheetsorganisatioun huet dem Impfstoff vun AstraZeneca eng Noutfall-Zouloossung accordéiert. Doduerch kann dee Vaccin elo och am Kader vun der Covax-Initiativ u méi aarm Länner verdeelt ginn
Däitsch Impfkommissioun gesäit kee Grond fir d'Enseignanten a Personal an de Grond- a Spillschoule prioritär ze impfen
An der demokratescher Republik Kongo sinn op d'mannst 60 Leit bei engem Schëffsaccident erdronk
D'Attack vun Trump-Supporteren op de Kapitol zu Washington de 6. Januar soll vun enger onofhängeger externer Kommissioun ënnersicht ginn
A Myanmar huet de Militär och déi leschten Nuecht den Accès zum Internet nees gespaart
Am Fussball an der Bundesliga huet Bayern München 3-3 géint Arminia Bielefeld gespillt