Komponist:in vum Mount
De Wilhelm Stenhammar (1871-1927)
Kennt een dem Wilhelm Stenhammar säi Liewensparcours a säi Repertoire, da kann een ouni Zweiwel behaapten, datt dëse Komponist de Papp vun der schweedescher Musek ass. De Piano stoung am Mëttelpunkt vum Stenhammar sengem Schafen, allerdéngs huet de Schwed net wéineg reng symphonesch Musek hannerlooss. Nieft zwou Symphonien an enger drëtter, déi net fäerdeg gouf, huet hien Wierker fir Orchester a Gesankssolist oder mat Chouer geschriwwen: Musek mat engem nërdleche Charme, deen alles anescht wéi kal wierkt. De Manuel Ribeiro huet am Stenhammar säi Repertoire eragekuckt.