Konferenzen
Nohaltegen Tourismus: Méi ewéi eng Alternativ?
© Claude Welter, Fotoen (BNL) / Carlo Link, Montage (100,7)
Am 21. Joerhonnert ass d'Tourismusbranche mat groussen Erausfuerderunge konfrontéiert. Net nëmmen déi aktuell Covid-19-Kris, mee och d'Diskussiounen iwwer de Klimawandel geheien d'Vakanzen, wéi ee se zanter Jore kennt, op d'Kopp: Fortbeweegungsmëttel wéi de Fliger an d'Schëff gi staark kritiséiert a sinn ëmmer méi ëmstridden. Och vum Massentourismus probéiert sech deen, deen hautdesdaags reest, ze distanzéieren. Individuell, oder op d'Mooss gemaachte Reese sinn am Trend, dat ass eppes, wat een net ignoréiere kann.
D'Leit hunn den Drang, eng Aventure ze erliewen, wëllen nei Saachen ausprobéieren an hu Loscht, Plazen ze entdecken, déi virdrun nëmme wéineg Opmierksamkeet kruten. Sief et fëschen an Alaska oder mat enger tibetanescher Famill an hirem traditionellen Doheem wunnen.
Mee wat bedeit all dëst fir den Tourismus vun der Zukunft? Wéi kann en nohaltegen Tourismus ausgesinn a wat bréngen dës Entwécklunge mat sech fir Lëtzebuerg als Vakanzendestinatioun?
Eng Table Ronde, opgeholl de 4. Februar an der Nationalbibliothéik (BNL), mat dem Minister fir Tourismus Lex Delles, de Jorge Valente, Co-Editeur vum Reesmagasinn Diaries of, d'Françoise Bonert, Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, Projet LEADER an den Alain Krier vu Luxembourg for Tourism.
D'Moderatioun: Nathalie Bender.
Enregistrement a Montage: Carlo Link | Technik: BNL
Integral Table Ronde: Nohaltegen Tourismus: Méi wéi eng Alternativ?
© Claude Welter, Nationalbibliothéik (BNL)
Luci (Inspiring Travel Stories from Luxembourg)
BNL, Nationalbibliothéik - Reesinspiratiounen
Reesmagasinn Diaries of (Inspiratiounen)