Gezeechent - d'BD vum Mount
Hannah Brinkmann - Gegen mein Gewissen
D'Hannah Brinkmann erzielt a "Gegen mein Gewissen" d'Geschicht vu sengem Monni, dee si selwer ni kannt huet, well dee Monni sech 1974 mat 19 Joer d'Liewe geholl huet - wärend där Zäit, wou hien huet misse säi Militärdéngscht leeschten. Dee Militärdéngscht wollt den Hermann Brinkmann als iwwerzeegte Pazifist net maachen, mee vun den Autoritéite gouf hien net als "Kriegsdienstverweigerer" aus Gewëssensgrënn unerkannt an um Déngscht un der Waff ass hien zerbrach.
"Gegen mein Gewissen" rekonstruéiert dat kuerzt Liewe vum Hermann a verbënnt dat mat der gréisserer Thematik vum Militärdéngscht an dem Widderstand dogéint. D'Hannah Brinkmann schafft vill mat Dokumenter wéi Zeitungsartikelen oder Bréiwer an allgemeng stécht vill Archivaarbecht hanner dem Buch. Et ass eng Graphic Novel, déi Wäert dropleet, d'Atmosphär vun der Nokrichszäit prezis anzefänken. D'Zeechnungen hunn e blatzeg-rouden Toun, wéi wann een duerch en ale Fotoalbum bliedert, a si orientéiere sech ëmmer un de populären Ikonographië vun där jeeweileger Zäit.
De Monni portraitéiert d'Hannah Brinkmann als Idealist, dee konsequent fir dat antrëtt, un dat hie gleeft. De kafkaeske Prozess, deen hien muss duerchmaachen, kann een haut bal net méi gleewen. Wärend "Gegen mein Gewissen" soss roueg a formal streng erzielt ass, hëlt sech d'Zeechnerin hei méi Fräiheeten, bréngt Elementer aus der Molerei vun Expressionismus bis Surrealismus oder och anatomesch Zeechnungen eran, fir sech an d'Figur vum Hermann eranzeversetzen a seng psychesch Belaaschtung symbolesch duerzestellen. Déi staark Biller sinn och e Grond, firwat d'Graphic Novel op engem méi allgemengen Niveau funktionéiert an iwwerzeegt, also net just als Dokumentatioun vun enger Thematik, déi sech speziell op d'Nokrichsdäitschland bezitt.